Innovatiounsconcours 'Genial!'



Mat der Ënnerstëtzung vum Unterrechtsministère huet Luxinnovation och dëst Joer erëm zum 'Genial!' Concours invitéiert. Zil vun dëser Initiativ ass et, déi jonk Leit zu kreativen Ideeën unzereegen.

An der Kategorie 2 (8-11 Joer) konnten den Daniel, d'Marike, d'Anna, de Charly an d'Florence aus eiser Schoul mat hirer Idee "Öko Madgique Gummi" iwwerzeegen an ee Präis gewannen. Et geet heibäi ëm eng Maschinn, déi scho beschriwwe Blieder erëm eidel mécht, sou dass déi sech erneit beschrëfte loossen an esou d'Ëmwelt geschount ka ginn.

Weider Informatiounen zum Concours ginn et op www.genial.lu, wou een an der Rubrik "Preisträger" och méi zu eiser an och deenen aneren hiren Ideeën fënnt.