
Bibliothéiksaktivitéit:"Der Grolltroll" fir d'1. Schouljoer
De 24. an den 31. Januar konnten d'Kanner aus dem 1. Schouljoer (Klass Claire/Michelle & Klass Martha/Jessie) an der Schoulbibliothéik eng flott Geschicht vum Grolltroll a sénge Frënn entdecken.
Am Rumm vun den Aktivitéiten an der Schoulbibliothéik kruten d'Kanner aus dem 1. Schouljoer vun der Joffer Marie-France eng flott Geschicht vum Grolltroll a sénge Frënn a Form vun engem Kamishibai-Erzieltheater erzielt.
Mat Spannung hunn d'Kanner nogelauschtert a mam klengen Troll matgefillt. Dono konnten si nach hiren eegenen Troll molen an eppes Flottes bastelen.