Schule macht Zeitung



Den Zeitungsgrupp hëlt Deel um Concours Jeunes Journalistes dee vum Conseil de Presse an Zesummenaarbecht mam Unterrechstministère organiséiert gëtt. Dëst Joer sinn eng éischte Kéier och Schüler aus dem Fondamentale invitéiert do matzemaachen.
Als Ënnerstetzung fir eise Projet Schoulzeitung hate mir den Roger Infalt, Journalist a President vum Presserot op Besuch. D'Stagiaire, Anne Reuter, di den Roger Infalt matbruecht huet, huet bei där Geleenheet Fote gemaach an den Dag drop war den Zeitungsgrupp vun der Heischter Schoul an der Zeitung.  (Tageblatt Nr. 8 10./11. Januar 2015)