Fuesmoien am Précoce (C1)



Déi zwou Précoceklassen (Klass Anna/Lydie & Klass Julie/Nancy) hunn ee lëschtege Fuesmoien matenee verbruecht.

Et ass nees lass gaang mat engem leckere Buffet. Dës Kéier hunn d'Kanner alleguer eppes fir op eise Buffet matbruecht - ee groussen MERCI un all d'Eltere fir déi mega lecker Saachen!

Uschléissend goung et du weider mat 4 flotten Ateliere ronderëm d'Fuesend:

  1. Parcours am Motoriksraum zum Thema Zirkus
  2. Bastele vun enger Fotosrumm mat enger Gruppefoto
  3. Poppentheater zu enger Zirkusgeschicht
  4. Triwwelen am Fuerscherraum op verschiddenen Statiounen

D'Kanner a mir hunn eis richteg gutt amuséiert a si lo prett fir d'Fuesent!