
Ouschtermoien am Précoce (C1)
Déi zwou Précoceklassen (Klass Anna/Lydie & Klass Julie/Nancy) hunn ee flotten Ouschtermoie matenee verbruecht.
Et ass lass gaang mat eisem leckere Buffet an duerno goung et direkt weider mat 4 flotten Ateliere ronderëm d'Ouschterthema:
- Fuerschen a verschiddenen Triwwelstatiounen
- Beweegungsspiller am Motoriksraum
- Eng Beweegungsgeschicht, bei där d'Kanner dem Hong gehollef hunn seng Jippelcher a seng Eeër erëm ze fannen.
- Ouschtereeër aus Holz bemolen
D'Kanner a mir hate ganz vill Freed zesummen!