Wanterzäitmoien am Précoce (C1)
Déi zwou Précoceklassen hunn dat 1. Trimester mat engem schéine Wanterzäitmoien, organiséiert vun der Joffer Anna, Joffer Lydie, Joffer Julie a Joffer Nancy, zesummen ofgeschloss.
Fir den Ufank hu mir eis fir d'Éischt vun eisem leckere Buffet zerwéiert. Duerno goung et du weider mat 4 flotten Ateliere ronderëm d'Wanterzäit:
- Triwwelen an experimentéieren am Fuerscherraum
- Beweegungsspiller am Motoriksraum
- Yoga zu enger Wanterzäitgeschicht am Snoezleraum
- Beemercher aus Holz molen a mat Glitzersteng dekoréieren
D'Kanner ware mat vill Freed dobäi a mir natierlech och!